
#25 Gäns an der Kutsch
Beim Gil, aka The Flash, schautert eppes tëschent de Been an d'Jil stellt fest, dass Verletzungen um Daum an un den Zéiwen extra wéi dinn. D'Jil recommandéiert eng Achterbunn am Phantasialand an de Gil huet eng Film-Empfeelung fir iech. Déi zwee si sech eens, dass eng gewësse Reklamm am Kino op kee Fall feelen dierf a si sinn och allen zwee begeeschtert vum Luxembourg Song Contest, wou nieft demTali och Schëppe Siwen an Erënnerung bleiwen. D'Fro un iech no dëser Episod: Maacht dir Vakanz oder gitt dir reesen? Ah an: Wéi ass de Pluriel vu Schwan??