#24 Huel meng Spuerbéchs
Show notes
Deier, mee eng ganz schéin Erfarung: De Gil war um Zuckerbäckerball an huet domat eppes vu senger Bucket List konnte sträichen. Deier, mee hoffentlech iergendwann eng cool Erfarung: dat ass dem Jil säin aktuelle Stand fir d'Olympesch Spiller vu senger Eemer-Lëscht ze erliewen. Weider dreemen heescht et dann och fir 8 Lëtzebuerger Kënschtler a Sängerinne respektiv Bands: Wien vertrëtt Lëtzebuerg um ESC an op der wéivillter Plaz wäerte mir landen? Däitschland huet, wat dat ugeet, jo definitiv kee gudde Ruff, ma si sinn och bekannt fir hir vill Reegelen, duerch déi heiansdo och déi skurrilste Gesetzer entstinn. Skurril ass och d'Hoffnung, eng Spuerbéchs kéint en Abriecher verdreiwen... Alles dat a méi an der 24. Episod vum Croque-monsieur.
New comment