All episodes

#35 Känguwho?

#35 Känguwho?

45m 17s

D'Jil huet seng Masteraarbecht ofginn an ass elo e fräie Mënsch, de Gil dogéint ass gefaangen a senger Wunneng voller Schimmel. International war eng lass mat den Europawahlen, op nationalem Plang huet e Känguru fir Opreegung gesuergt. Eng Fro hu mer nach u Leit déi am OP schaffen: Wat beschwätzt dir sou wärend enger banaler OP?

#34 Schimmel

#34 Schimmel

48m 1s

D'Jil war a Südfrankräich, hat eng schéin Zäit, huet awer och e Mann beobacht deen sech am Restaurant de Batti gestallt huet 🍨 Um Wee zréck op Lëtzebuerg gouf et dunn zu Paräis nach eng deier Iwwerraschung 🚄 Mee Doheem ass et io souwisou am schéinsten, sou soen se mol... Mir bezweifelen dat, wann ee gewuer gëtt, dass ee Schimmel am Buedzëmmer huet 👀

#33 OriginAL

#33 OriginAL

48m 31s

Mir kucken zréck op en erfollegräichen ESC, souwuel fir Lëtzebuerg wéi och fir eng Hallschent vum Croque-monsieur: Wien huet d'Wett gewonn a kritt eng Pizza spendéiert?🍕 De Gil huet dann en extremen Opreeger erlieft, andeems hie richteg blöd ugemaach gouf a Rassismus virgeworf krut. Shoutout un de Gil: Hien ass dobäi professionell a roueg bliwwen💆 D'Jil huet dann eng Fro un iech: Wéie Géigestand halt dir esou laang bis en ausernee fält an absolutt net méi ze gebrauchen ass? Eis Äntwerte ginn et an der Episod #33

#32 Den Chicken

#32 Den Chicken

51m 1s

De Gil beweist sech als Expert vum ESC 2024 a bréngt et fäerdeg d'Jil a sécher och iech mam Hype unzestiechen💃🕺 Mir wënschen dem Tali vill Gléck fir ganz uewen um Podium ze stoen a kucken awer och no ënnen, nämlech an dem Gil säi Keller, an deem komesch Saache geschéien... Och komesch si verschidden nei Emojis an den Handy ze rësele fir eng vermeintlech Polaroid-Foto kënnen ze gesinn🤔

#31 Gummibär

#31 Gummibär

51m 8s

25 Grad a Sonn konnte mer am Abrëll erliewen, dat mécht Loscht op grillen, schwammen, Pneue wiesselen an op Festivallen ze goen💃🕺 Mir schwäerme vun e puer Line-ups a mir verroden iech och fir wéi ee Land mir bei der EM halen. Wéi gewinnt hannerfroe mir och den Alldag: Kuckt dir iech och d'Akeef vun anere Leit an der Kees un a stellt iech Zenarie vir? A wou kaaft dir Kondomer? Am Supermarché oder online?

#30 Gesiichtskiermes

#30 Gesiichtskiermes

49m 8s

All 10. Episod beäntwere mir är Entweder-Oder-Froen: Ob mir fir ëmmer ouni Këssen oder ouni Decke schlofen? Ob mir op engem Date éischter Lego oder Playmobil spillen oder eis awer fir Malen nach Zahlen entscheeden? Ob mir éischter op sämtlech Navigatiounssystemer op eisem Handy verzichten oder op all d'Méiglechkeeten Musek iwwert den Handy ze lauschteren? Dës Episod hëlt dann och eng onerwaart Wendung a mir froen eis, wéi ee Gil/Jil sech éischter en Tattoo stieche loosse géing a wien éischter géing vis-a-vis vum Günther Jauch sëtzen. Lauschtert elo déi 30. Episod vum Croque-monsieur a rot mat.

#29 On our way to Hollywood

#29 On our way to Hollywood

45m 34s

Alles Guddes Gil fir deng 29 ehmmm 27 Joer! Gottseidank... well eng 29. Episod feiert ee mol gären, mee wann deGil u säin 29. Gebuertsdag denkt, da ginn all d'Alarmklacken un, well dat heescht jo, dass hie just nach 1 Joer Zäit huet bis déi béis 30 uklappt🎂😈 D'Jil dogéint hat 30 ehmmm 3 wonnerschéin Deeg zu Hamburg, mat just engem Opreeger am Zuch🚭 Mir kruten dann nach eng Bänk erageschéckt an déi huet Potenzial, eis Bänk fir eng Jubiläumsepisod ze ginn - Hollywood mir kommen!

#28 An der Schwämm vergiess

#28 An der Schwämm vergiess

56m 47s

Mir haten iech gefrot: Wou steet déi schéinsten Nodenk-Bänk? Dir hutt se eis geschéckt an, léif Croquetten, natierlech deele mir des Bänken mat iech.

Mir kucken awer och op ee wichtegen Deel vun eisem Alldag: d’Mëttegpaus. Ass dat de perfekten Zäitpunkt fir Sport ze maachen? Oder ass et e wäertvolle Moment fir mat den Aarbechtskolleeg*innen ze socializen? An erënnert dir iech nach un är Mëttegpaus am Lycée, wou der iech vu Pizza a Grillwurschten ernäert hutt?

De Gil huet dann och eng intressant Erfarung am Schoul-Schwamme gemaach, an d’Jil kläert op, no wéi enge Krittären dir eng Schwämm raussiche sollt....

#27 Nodenk-Bänk

#27 Nodenk-Bänk

56m 17s

No iwwert engem hallwe Joer hu mir et rëm gepackt zesummen am Studio ze stoen an iwwert d'Liewen ze philosophéieren, zesummen ze sangen an ze laachen🎙 Elo siche mir dann no der schéinster a beschter Bänk fir nozedenken - wou steet är Liblings-Nodenk-bänk? Instagram: croquemonsieur.podcast 💭

#26 Ech ginn haut net al

#26 Ech ginn haut net al

47m 9s

Fréier war alles besser! An de Kino goe war nach bezuelbar, d'Bomien hunn nach Wäffelcher gebak an et hat keen den Handy ronderëm den Hals hänken. Haut ass awer och villes besser: et muss een net um Punkt véierel op 8 beim Fernseh setze fir de Blockbuster net ze verpassen, et kann een sech via App iwwer aner Leit beschwéieren an et kann een ouni Ticket aus dem Parking fueren. Iwwer skinny Jeans vu fréier oder baggy Jeans vun haut kann een diskutéieren, mee Gare la Box den Tatort ännert säin Intro!