#28 An der Schwämm vergiess

Show notes

Mir haten iech gefrot: Wou steet déi schéinsten Nodenk-Bänk? Dir hutt se eis geschéckt an, léif Croquetten, natierlech deele mir des Bänken mat iech.

Mir kucken awer och op ee wichtegen Deel vun eisem Alldag: d’Mëttegpaus. Ass dat de perfekten Zäitpunkt fir Sport ze maachen? Oder ass et e wäertvolle Moment fir mat den Aarbechtskolleeg*innen ze socializen? An erënnert dir iech nach un är Mëttegpaus am Lycée, wou der iech vu Pizza a Grillwurschten ernäert hutt?

De Gil huet dann och eng intressant Erfarung am Schoul-Schwamme gemaach, an d’Jil kläert op, no wéi enge Krittären dir eng Schwämm raussiche sollt.

Wann dir iech dann och schonn oft gefrot hutt, wéi Architekt*innen op falsch Iddie kommen, wéi Schauspiller*innen sech scheinbar op Kommando kënnen iwwerginn, a wéi d'Police Handye vun Doudegen entspäert, da lauschtert eran d'Episod 28 vum Croque-monsieur.

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.