Croque-monsieur

Eisen Alldag: sou banal an dach sou komplex! Mir, dat sinn d'Jil an de Gil, thematiséieren an analyséieren den Alldag vum 0815 Mënsch - an do kënnt schonn déi éischt Fro op: Firwat bezeechne mer iwwerhaapt eppes als 0815? A wat geschitt, wann d'Routine vun engem Gil op d'Kopp geheit gëtt, wann op eemol de Feiermelder uspréngt an de Steak aus der Fënster geheit gëtt? Dës a vill weider Storye ginn et geschwënn am neie Podcast Croque-monsieur! Setzt iech ma mat eis un den Iessdësch wann et heescht: Croque-monsieur, d'Snackpaus mat de liichtverdaulechen Themen - All zweeten Donneschden op eldo.lu.

Croque-monsieur

Latest episodes

#35 Känguwho?

#35 Känguwho?

45m 17s

D'Jil huet seng Masteraarbecht ofginn an ass elo e fräie Mënsch, de Gil dogéint ass gefaangen a senger Wunneng voller Schimmel. International war eng lass mat den Europawahlen, op nationalem Plang huet e Känguru fir Opreegung gesuergt. Eng Fro hu mer nach u Leit déi am OP schaffen: Wat beschwätzt dir sou wärend enger banaler OP?

#34 Schimmel

#34 Schimmel

48m 1s

D'Jil war a Südfrankräich, hat eng schéin Zäit, huet awer och e Mann beobacht deen sech am Restaurant de Batti gestallt huet 🍨 Um Wee zréck op Lëtzebuerg gouf et dunn zu Paräis nach eng deier Iwwerraschung 🚄 Mee Doheem ass et io souwisou am schéinsten, sou soen se mol... Mir bezweifelen dat, wann ee gewuer gëtt, dass ee Schimmel am Buedzëmmer huet 👀

#33 OriginAL

#33 OriginAL

48m 31s

Mir kucken zréck op en erfollegräichen ESC, souwuel fir Lëtzebuerg wéi och fir eng Hallschent vum Croque-monsieur: Wien huet d'Wett gewonn a kritt eng Pizza spendéiert?🍕 De Gil huet dann en extremen Opreeger erlieft, andeems hie richteg blöd ugemaach gouf a Rassismus virgeworf krut. Shoutout un de Gil: Hien ass dobäi professionell a roueg bliwwen💆 D'Jil huet dann eng Fro un iech: Wéie Géigestand halt dir esou laang bis en ausernee fält an absolutt net méi ze gebrauchen ass? Eis Äntwerte ginn et an der Episod #33

#32 Den Chicken

#32 Den Chicken

51m 1s

De Gil beweist sech als Expert vum ESC 2024 a bréngt et fäerdeg d'Jil a sécher och iech mam Hype unzestiechen💃🕺 Mir wënschen dem Tali vill Gléck fir ganz uewen um Podium ze stoen a kucken awer och no ënnen, nämlech an dem Gil säi Keller, an deem komesch Saache geschéien... Och komesch si verschidden nei Emojis an den Handy ze rësele fir eng vermeintlech Polaroid-Foto kënnen ze gesinn🤔